3-Länner-TrailVictoirë fir de Belsch Renaud Anselme an d'Sonny Eschette

RTL Lëtzebuerg
De Cercle Sportif du Nord hat de Leefer a Leeferinnen ugeroden, sech eng 1 Stonn virum Depart ze presentéieren.
3-Länner-Trail
Victoirë fir de Belsch Renaud Anselme an d’Sonny Eschette.

Den Trail ass ënnert den 2G-Bedingungen iwwert d’Bün gaangen. Et waren eng 100 Leefer manner um Depart par Rapport zur viregter Editioun.

D’Organisateuren haten de Parcours an déi entgéintgesate Richtung wéi gewinnt gezeechent. Dat hat praktesch Grënn, well esou den Depart op engem Feldwee konnt stattfannen an d’Haaptstrooss net huet bräichte gespaart ze ginn. Allerdéngs goung et dunn direkt nom Depart biergof an dat ass ongewinnt.

Ob iwwert 11, 16 oder 25 Kilometer, d’Leefer an d’Leeferinne sinn all beim 3 Dräilännereck passéiert. Déijéineg vun der laanger Distanz kënne vu sech behaapten, e Sonndeg de Moien duerch 3 Länner gelaf ze sinn. Fir de Clierfer Veräin huet dëst awer zousätzlech Aarbecht a Contraintë mat sech bruecht.

De Vainqueur vun de laanger Distanz, de Belsch Renaud Anselme, hat säin éischten Trailsoptrëtt bei eis am Land an hat d’Evenement um Internet entdeckt. D’Motivatiounen, fir hei deelzehuelen, sinn ënnerschiddlech. Den 2. vun de 25 Kilometer, de Chris Felten, leeft den Trail als Virbereedung op d’Crossen.

D’Sonny Eschette gëtt éischt bei den Dammen iwwert déi laang Distanz an huet den Triathlon am Viséier.

LINK: Hei fannt Dir alleguerten d’Resultater

Back to Top
CIM LOGO