
Bei den Häre gouf et hei iwwer 18 Kilometer eng Victoire vum Gil Weicherding, dat an enger Zäit vun 1 Stonn, 12 Minutten an 23 Sekonnen. De Leefer vum Celtic Dikrech klasséiert sech am Zil nëmme knapp virum Yannick Lieners, deen e Réckstand vun 11 Sekonnen hat. De Charel Weicherding leeft op déi 3. Plaz.
Bei den Damme gëtt et iwwerdeems eng Victoire fir Shefi Xhaferaj virum Anne Reiser an dem Sonny Eschette. Shefi Xhaferaj hat op der Arrivée e Virsprong vu knappe 7 Minutten.
Beim Plooschter Projet Trail geet et nieft dem Sport virun allem dreems, op de Kampf géint Leukemie opmierksam ze maachen. An deene verschiddenen Kategorië waren am Ganzen 144 Athleten an Athletinne mat um Start.