WantersportVictoire fir de Marco Odermatt zu Adelboden

RTL Lëtzebuerg
Am Riseslalom huet sech de Schwäizer Lokalmatador bei den Hären duerchgesat. D'Course bei den Damme gouf vum Valérie Grenier gewonnen.
© afp

Viru begeeschterte Schwäizer Supporteren huet de Marco Odermatt d’Course dominéiert an hat um Enn eng Avance vun enger Sekonn a 26 Honnertstel op de Norweger Aleksander Aamodt Kilde. Drëtte gouf de Kroat Filip Zubcic mat engem Réckstand vun enger Sekonn a 77 Honnertstel.

Bei den Dammen huet sech d’Valérie Grenier am Riseslalom zu Kranjska Gora d’Victoire geséchert. Et war den 2. Succès am Weltcup fir d’Kanadierin. D’Grenier hat no zwee Duerchgäng e Virsprong vu 37 Honnertstel op d’Lara Gut-Behrami aus der Schwäiz. De Podium gouf vun der Italieenerin Frederica Brignone komplettéiert. Si hat e Retard vun 51 Honnertstel op d’Gewënnerin.

Biathlon

An der Poursuite bei den Häre gouf et zu Oberhof an Däitschland e fënneffachen Erfolleg fir Norwegen. Gewonnen hat no 12,5 Kilometer den Endre Strömsheim, et war säin éischte Succès am Weltcup. Trotz zwee Feeler am Schéisse war hie 17 Sekonnen an 8 Honnertstel méi séier wéi de Sturla Holm Laegreid op der 2. Plaz, dee sech och 2 Feeler geleescht huet. De Johannes Dale-Skjevdal hat op der drëtter Plaz mat engem Feeler am Schéissen e Retard vu 36 Sekonnen a 4 Honnertstel. D’Plaze 4 a 5 ware fir den Tarjei a Johannes Thingnes Bø.

Bei den Dammen haten an der Poursuite zwou Franséisinnen d’Nues vir. D’Julia Simon huet sech zwee Feeler am Schéissen erlaabt a sech trotzdeem virum Justine Braisaz-Bouchet (3 Feeler) duerchgesat. D’Braisaz-Bouchet war knapp 19 Sekonnen hannert der Gewënnerin ukomm. Op déi 3. Plaz koum d’Norwegerin Ingrid Landmark-Tandrevold mat engem Retard vu 44 Sekonnen a 4 Honnertstel. Si hat 2 Feeler geschoss.

Back to Top
CIM LOGO