
D’Victoire bei der gemëschter Staffel war um Enn fir déi däitsch Staffel, déi mat enger Zäit vun 1 Stonn, 22 Minutten an 8 Sekonnen déi séierst war. Bei dësem Format mussen déi 4 Triathleten jeeweils 300 Meter schwammen, 7 Kilometer Vëlo fueren an 1,7 Kilometer lafen. Déi neuseelännesch Staffel ass mat engem Retard vun 19 Sekonnen op déi zweet Plaz komm, wärend d’Schwäizer Triathleten et och op de Podium gepackt hunn (1:22:35).
Fir Lëtzebuerg sinn d’Jeanne Lehair, d’Eva Daniëls, de Gregor Payet an de Bob Haller ugetrueden. Mat enger Zäit vun 1:24:41 ass déi Lëtzebuerger Staffel um Enn op déi 15. vun 22 Plazen komm.