WantersportVictoire fir den Daniel Huber am Schifléien

RTL Lëtzebuerg
Den Éisträicher huet dat lescht Sprange vun der Saison zu Planica gewonnen a sech och de General am Schifléien geséchert.
© Jure Makovec/AFP

Déi kleng Kristallkugel fir déi éischt Plaz am Generalklassement am Schifléien huet den Daniel Huber sech mat enger souveräner Victoire am leschte Sprangen zu Planica geséchert. Um Sonndeg huet den Éisträicher sech mat 487,7 Punkte virum Domen Prevc duerchgesat. De Sloween hat e Retard vun 43,4 Punkten op den Huber. De Podium gouf vum Aleksander Zniszczol aus Polen komplettéiert. Hien hat knapp 50 Punkte Retard op de Gewënner.

Schi Alpin

Bei den Häre gouf déi lescht Course vun der Saison, eng Descente zu Saalbach, wéinst de schlechte Wiederkonditiounen ofgesot. De Marco Odermatt huet sech nieft dem Gesamtweltcup an dem General am Riseslalom och déi kleng Kugel an der Descente geséchert. De leschte Schifuerer, deen déi 3 Kugelen an enger Saison gewonnen huet, war den Hermann Maier an de Joren 2000 an 2001. Fir den Odermatt war et also duerchaus eng historesch Saison.

Back to Top
CIM LOGO