ITF-Tennis-Tournoi zu EschVictoire fir den Duo Chris Rodesch an Alex Knaff am Dubbel

RTL Lëtzebuerg
De Chris Rodesch an den Alex Knaff hu sech an der Finall géint den anere Lëtzebuerger Rafael Calzi an den Däitschen Marlon Vankan duerchgesat.
ITF-Tennis-Tournoi zu Esch
Et ass vill Aarbecht fir den Escher-Veräin, fir esou en Turnéier ze organiséieren. Zil vum Tournoi ass, fir de Lëtzebuerger Tennisspiller eng Plattform ze ginn.

Nodeems de Chris Rodesch am Eenzel an der Véierelsfinall onglécklech verluer hat, ass et am Dubbel mat sengem Partner Alex Knaff besser gelaf.

An enger eesäiteger Finall um Samschdeg huet den Duo sech mat 6:1 a 6:4 géint de Rafael Calzi an de Marlon Vankan duerchgesat.

Um Sonndeg steet um 15 Auer nach d’Finall am Eenzel tëschent dem Spuenier Pol Martin Tiffon an dem Däitsche Sebastian Fanselow um Programm.

Back to Top
CIM LOGO