ITF-Tennis-Tournoi zu EschOut fir de Chris Rodesch am Eenzel

RTL Lëtzebuerg
Am Dubbel steet de Lëtzebuerger Duo Chris Rodesch an Alex Knaff dogéint an der Finall.
© AFP (Archiv)

Beim ITF-Tennis-Tournoi zu Esch huet de Chris Rodesch e Freideg an der Véierelsfinall an dräi Sätz mat 6:4, 6:7 (6) a 4:6 géint de Sebastian Fanselow aus Däitschland verluer.

Am Dubbel steet de Lëtzebuerger mat sengem Partner Alex Knaff an der Finall. Mat enger 2-Saz-Victoire (6:0 a 6:4) hu si sech den Duo Mats Hermans (Holland) a Kai Wehnelt (Däitschland) den Ticket geséchert. An der Finall kréie si et elo mam Lëtzebuerger Rafael Calzi a sengem Partner Marlon Vankan aus Däitschland ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO