SchisprangenVictoire fir den Ryoyu Kobayashi zu Ruka a Finnland

RTL Lëtzebuerg
Beim Weltcup zu Ruka ka sech de Japaner Ryoyu Kobayashi virum Anze Lanisek an dem Markus Eisenbichler duerchsetzen.
© AFP

Beim Weltcup Schisprangen zu Ruka a Finnland gouf et no engem staarken zweete Sprong vum Japaner Ryoyu Kobayashi (138,5 an 143 Meter) eng Victoire fir de Weltcup Gewënner vum leschte Joer. De Slowen Anze Lanisek, nach op der 1. Plaz nom éischten Duerchgang, ass mat sengem zweete Sprong op 140 Meter um Enn op déi 2. Plaz komm. Als drëtte klasséiert sech den däitsche Markus Eisenbichler.

Bei 3 Sprenge gouf et an dëser Saison bis ewell 3 ënnerschiddlech Gewënner. Um Sonndeg steet dann e weidert Sprangen zu Ruka um Programm. 1. am General ass aktuell de Karl Geiger, virum Ryoyu Kobayashi.

Back to Top
CIM LOGO