BGL LigueVictoirë fir d'Fola an d'Jeunesse

RTL Lëtzebuerg
No intensiven 90 Minutte ka sech d'Fola mat 3:2 géint de FCD03 duerchsetzen. Am zweete Match vum Owend verléiert Monnerech mat 1:2 géint d'Jeunesse.

Fir den Optakt vum 19. Spilldag am nationale Futtball Championnat, stoungen um Samschdeg den Owend 2 Matcher an der BGL Ligue um Programm. Monnerech hat Besuch vun der Jeunesse an d’Fola ass virun eegenem Public géint Déifferdeng ugetrueden.

Déifferdeng ass wuel als klore Favorit an de Match gaangen, huet am Ofschloss awer d’Prezisioun vermesse gelooss, an no enger equilibréierter 2. Hallschent musse si sech no 90 Minutte mat 2:3 géint d’Fola geschloe ginn. Nodeems Déifferdeng staark an de Match komm ass an och verdéngt a Féierung gaange sinn (de Castro, 21') ass der Fola sengersäits duerch e Sonndesschoss an de Wénkel duerch den El Alami an der 28. Minutt den Ausgläich gelongen.

Virun 287 Spectateuren ass et an der Schlussphase nawell hin an hier gaangen. Ass d’Fola duerch de Correira an der 76. Minutt mat 2:1 a Féierung gaangen, huet et Déifferdeng fäerdeg bruecht a Persou vu de Castro nëmmen 2 Minutte méi spéit auszegläichen. An de Schlusssminutte krut de Martins op Säite vun der Fola nach déi Giel-Rout Kaart. Mat engem Mann manner ass der Lokalekipp an der 89. Minutt awer dach nach de Gol vum Dag gegléckt. Den Tawabal säin Kappball sollt dann och fir d’Schlussresultat suergen. D#Fola klappt Déifferdeng mat 3:2.

Monnerech - Jeunesse 1:2
0:1 Seck (35'), 1:1 Barki (51'), 1:2 Klica (86')

Am zweete Match vum Dag huet d’Jeunesse net ganz onverdéngt zu Monnerech gewonnen. An engem kierperlech betounte Match markéiert de Klica kuerz viru Schluss den entscheedende Gol.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO