
Um Sonndeg stoung d’Suite vum 4. Spilldag am Futtball-Championnat um Programm.
Mamer huet mat 1:2 géint Diddeleng verluer. D’Heemekipp koum besser an de Match a goung direkt no 3 Minutten a Féierung. Den Delorge hat de Montout am Strofraum gefoult an de Jager huet den Eelefmeter am Filet ënnerbruecht. D’Gäscht hu gebraucht fir sech vun deem éischte Schock ze erhuelen, konnte sech an der Suite awer eng rei Chancen erausspillen. Déi konnte bis an d’Paus awer net genotzt ginn, esou datt Mamer mat engem knappen Avantage an d’Paus goung. Nom Säitewiessel huet Diddeleng d’Partie bannen 3 Minutte gedréint. An der 51. konnt de Benkhedim ausgläichen, éier de selwechte Spiller seng Faarwen an der 54. Minutt a Féierung konnt schéissen. Diddeleng ass an der Suite déi besser Ekipp bliwwen, Mamer konnt sech net vill Méiglechkeeten erausspillen. Um Enn sollt et bei der knapper Diddelenger Victoire bleiwen.
Hesper huet mat 3:0 zu Käerjeng gewonnen. An der 1. Hallschent gouf et op béide Säiten net bill Geleeënheeten. Hesper war awer effikass an huet just 2 Méiglechkeete gebraucht fir 2 Goler ze markéieren. De Kaloga huet an der 19. Minutt en Eelefmeter eragesat. De Bochu konnt de Virsprong an der 40. Minutt verduebelen. Mat deem Resultat goung et och an d’Kabinnen. No der Paus konnt Käerjeng weiderhin net vill dogéint setzen an Hesper huet de Match geréiert. An der 81. Minutt huet den Nsombi den 3:0 markéiert a fir d’Schlussresultat gesuergt.
De Progrès huet doheem iwwerraschend 0:1 géint Rouspert verluer, déi no 4. Spilldeeg nach keng Defaite hu missen astiechen.
Um Samschdeg sech Hueschtert knapp géint Kanech duerchgesat.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater
Racing - Jeunesse 1:1
0:1 Todorovic (3'), 1:1 Stolz (9')
Mamer - F91 1:2
1:0 Jager (3', Eelefmeter), 1:1 Benkhedim (51'), 1:2 Benkhedim (54')
Biissen - Munneref 0:2
0:1 Tinelli (24', Eelefmeter), 0:2 Stoltz (90+4')
Käerjeng - Hesper 0:3
0:1 Kaloga (19', Eelefmeter), 0:2 Bochu (40'), 0:3 Nsombi (83')
Nidderkuer - Rouspert 0:1
0:1 Kyereh (51')
Stroossen - Péiteng 3:0
1:0 Perez (2'), 2:0 Nogueira Albuquerque De Souza (65'), 3:0 Grym (90+4')