FIFA-Club-WMVictoirë fir Dortmund an Inter Mailand

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend an e Sonndeg de Moie fréi eiser Zäit war et d'Suite vum 2. Spilldag bei der Futtball-Club-WM an den USA.
Den Jobe Bellingham stoung fir d'éischte Kéier an der Startopstellung an huet direkt säin éischte Gol fir Dortmund markéiert
Den Jobe Bellingham stoung fir d’éischte Kéier an der Startopstellung an huet direkt säin éischte Gol fir Dortmund markéiert
© AFP

Borussia Dortmund huet e Samschdeg den Owend seng éischt Victoire bei der Club-WM gefeiert. Géint Mamelodi Sundowns aus Südafrika huet sech de BVB laang schwéier gedoen, ma konnt sech um Enn och duerch e Gol vum Jobe Bellingham, dee fir d’éischte Kéier fir de BVB getraff huet, géint de südafrikanesche Champion mat 4:3 (3:1) duerchsetzen.

Un der Spëtzt vum Grupp F steet nom zweete Spilldag awer Fluminense, dat duerch e bessert Golverhältnis wéi de BVB. De brasilianesche Spëtzeveräin aus Rio de Janeiro huet Ulsan HD aus Südkorea mat 4:2 (1:2) geklappt. Ulsan ass duerch d’Néierlag eliminéiert.

Um leschte Spilldag spillt de BVB géint Ulsan. Fluminense kritt et mat Mamelodi ze sinn. De BVB, Fluminense a Mamelodi spillen nach ëm déi zwee Tickete fir d’K.o.-Phas.

Den argentineschen Topp-Club River Plate huet an der Nuecht op e Sonndeg d’Chance verpasst, fir sech fréizäiteg den Ticket fir d’K.o.-Phas ze sécheren. D’Ekipp aus Buenos Aires ass am Grupp E géint CF Monterrey aus Mexiko net iwwer en 0:0-Remis erauskomm an huet an der Nospillzäit och nach de Castano duerch Giel-Rout (90'+1) verluer.

Inter Mailand huet duerch en haart Stéck Aarbecht mat 2:1 géint Urawa Red Diamonds aus Japan gewonnen. Martinez mat engem Dramgol a Carboni mat engem spéide Lucky Punch hunn de Match zu Gonschte vun den Nerazzurri gedréint.

River Plate läit an der Tabell mat véier Punkte gläichop mam Champions-League-Finalist Inter Mailand, a kritt et um leschte Spilldag vun der Gruppephas mat den Italieener ze dinn. Monterrey läit zwee Punkten hannert dem Duo a kann duerch eng Victoire géint Urawa Red Diamonds aus Japan nach op eng vun den éischten zwou Plaze sprangen. D’Ekipp aus Japan ass eliminéiert.

All d’Tabellen am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO