Futtball-WM vun den DammenVictoire fir d'Schwäiz, Spuenien mat ganzer 3 Goler a 6 Minutten

RTL Lëtzebuerg
Um zweeten Dag vun der Futtball-WM bei den Damme stoungen dräi Partien um Programm.

Kee Gol an domadder och kee Gewënner gouf et bei der Partie Nigeria géint Kanada. Domadder bleift an dëser Grupp Australien mat enger Victoire eleng un der Spëtzt.

An der zweeter Partie vum Dag hunn d’Philippinnen et mat der Schwäiz ze di kritt. D’Schwäizerinne waren déi kloer dominant Ekipp, hunn et awer laang Verpasst, fir e Gol ze markéieren. Eréischt duerch en Eelefmeter an der 45. Minutt konnt d’Bachmann hir Ekipp a Féierung bréngen. No eppes méi wéi enger Stonn huet d’Piubel dunn nach op 2:0 erhéicht, zu deem Ament eng kleng Virentscheedung an no eppes iwwer 90 Minutten och de Schlussstand.

An der leschter Partie vum Dag ass Spuenien op Costa Rica getraff. Sechs gutt Minutten ass de Spuenierinnen duergaangen, fir dëse Match ze decidéieren. No 21 Minutten huet d’Del Campo e Selbstgol geschoss, dono huet d’Bonmati zwou Minutte méi spéit op 2:0 gesat an no 27 Minutten huet d’Gonzalez den 3:0 geschoss. An der 34. Minutt hätt esouguer nach de 4:0 kéinte falen, ma d’Hermosa hat d’Nerve vum Punkt net behalen. Déi zweet 45 Minutten ass kee Gol méi gefall, esou datt et beim 3:0 fir Spuenien bliwwen ass.

D’Resultater am Iwwerbléck

Nigeria - Kanada 0:0

Philippinnen - Schwäiz 0:2
0:1 Bachmann (45',p), 0:2 Piubels (64')

Spuenien - Costa Rica 3:0
1:0 del Campo (21',sg), 2:0 Bonmati (3:0, Gonzalez, 27')

Back to Top
CIM LOGO