
An der Belsch stoungen d’Aachtelsfinallen um Programm vum Championnat an do gouf et eng 2:1-Victoire fir d’Union Saint-Gilloise géint KV Oostende.
Getraff huet fir d’Ekipp vum Anthony Moris, deen de ganze Match am Gol stoung, direkt an der 11. Minutt de Victor Bonifacean. Den Ausgläich koum knapp 8 Minutte méi spéit duerch den Theo Ndicka Matam, ier de Simon Adingraan an der 85. Minutt den 2:1 markéiert huet.