Biathlon-Weltcup zu AnnecyVictoirë fir Elvira Öberg an Emilien Jacquelin

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg war déi zweet Manche vum Biathlon-Weltcup am franséischen Annecy bei den Dammen a bei den Hären.
© AFP Archiv

Bei den Damme konnt sech d’Elvira Öberg, no hirer Victoire vun e Samschdeg an der Poursuite, um Sonndeg och déi éischt Plaz am Massestart sécheren. D’Schweedin konnt déi 12,5 km bannent 35 Minutten an 21 Sekonnen zeréckleeën. De Podium komplettéieren d’Julia Simon aus Frankräich (+ 10 Sekonnen) an d’Kristina Reztsova aus Russland (+ 12 Sekonnen) no engem spannende Finish mam Dorothea Wierer (+ 13 Sekonnen) a Jessica Jislova (+ 14 Sekonnen).

Déi Féierend am Gesamtweltcup, d’Norwegerin Marte Olsbu, koum zu Annecy op déi sechste Plaz. Mat der zweeter Victoire op dësem Weekend mécht d’Elvira Öberg weiderhi Punkten op d’Marte Olsbu gutt a läit mat just nach 30 Punkte Réckstand op der zweeter Plaz am General.

Bei den Häre goung d’Victoire um Sonndeg am Massestart un de Fransous Emilien Jacquelin. Hie konnt sech am Lafen an duerch seng Prezisioun am Schéissen eng Avance erauslafen a verweist säi Landsmann Quentin Fillon-Maillet mat enger Avance vun 3,5 Sekonnen op déi zweet Plaz. Béid Biathlete goufe beim Heemspill a Frankräich vun de Fans frenetesch ugefeiert. Drëttplacéierte gouf den Norweger Tarjei Bö mat engem Retard vun 10 Sekonnen. D’Top 5 am Klassement komplettéieren den Éisträicher Felix Leitner an den Norweger Vetle Sjastad Christiansen.

Neie Leader am Weltcup ass de Quentin Fillon-Maillet, virum Schweed Sebastien Samuelsson, deen e Sonndeg just Néngte gouf. Op de Plazen dräi a véier sinn de Gewënner vun e Sonndeg, den Emilien Jacquelin, an de Vetle Sjastad Christiansen. Den Éischt- an Drëttplacéierten am Klassement trenne just véier Punkten.

Back to Top
CIM LOGO