Internationale FuttballVictoirë fir Köln a Freiburg, ManCity wënnt 4:0

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga kënne sech Köln a Freiburg um Sonndeg behaapten. An der Premier League ka ManCity sech ofsetzen.
© AFP

Bundesliga

Am Match Freiburg géint Leverkusen konnten d’Breisgauer d’Mauertaktik vu Leverkusen bestrofen a gewannen um Schluss mat 2:1. Den SC Freiburg war an der éischter Hallschent kloer dominant a konnt no engem Eelefmeter an der 33. Minutt duerch de Vicenzo Grifo a Féierung goen. Leverkusen konnt awer nach virun der Paus duerch de Charles Aranguiz no engem Corner ausgläichen. Am zweeten Duerchgang hat Freiburg wuel nach vill Chancen, war awer net méi esou dominant wéi an der éischter Hallschent. An der 84. Minutt konnt de jonke Kevin Schade fir Freiburg zum 2:1 erasetzen a senger Ekipp soumat zur Victoire verhëllefen. Mat dësen dräi Punkten am leschte Match virun der Wanterpaus léisst Freiburg Leverkusen an der Tabell hannert sech a steet op Plaz dräi.

Am zweete Match stounge sech Köln a Stuttgart géintiwwer. Stuttgart hat ënnert der Woch eng batter 0:5-Néierlag géint Bayern München mussen astiechen, konnt awer och géint Köln keng Punkte mat Heem huelen. Béid Ekippen hate Golchancen awer et war den Anthony Modeste vu Köln, deen an der 88. Minutt zum 1:0 erasetze konnt a Köln domat op der aachter Plaz an der Tabell iwwerwantere léisst. Stuttgart par contre steet op der 16. Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Um Sonndeg stoungen um Sonndeg dräi Partien um Programm.

Am Nomëtteg hat Manchester City kloer 4:0 zu Newcastle gewonnen. De Ruben Dias hat schonn no 5 Minutten e Gol markéiert an de Joao Cancelo hat an der 27. Minutt nogeluecht. No der Paus hunn de Riyad Mahrez an de Raheem Sterling nach erhéicht.

An der zweeter Partie vum Nomëtteg ass Chelsea net iwwer en 0:0 bei Wolverhampton erauskomm a verléiert soumat an der Tabell den Uschloss un de Leader Manchester City.

Am Owesmatch stounge sech mat Tottenham a Liverpool zwee grouss Kaliber aus der Premier League géintiwwer. Et war eng serréiert Partie, wou et zum Schluss kee Gewënner gouf. Liverpool an Tottenham trenne sech 2:2. Den Harry Kane hat seng Ekipp a Féierung bruecht an den Diogo Jota konnt fir Liverpool ausgläichen. An der zweeter Hallschent huet den Andrew Robertson zum 2:1 fir Liverpool eragesat, huet awer e puer Minutte méi spéit mat Rout vum Terrain musse goen. Fir Tottenham konnt den Heung-Min Son ausgläichen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Back to Top
CIM LOGO