EM-QualifikatiounVictoirë fir Portugal a Slowakei

RTL Lëtzebuerg
Portugal konnt sech um Enn kloer géint Bosnien behaapten an d'Slowakei setzt sech géint Island duerch.
© AFP

An der Grupp J bleift Portugal no der Victoire géint Bosnien-Herzegowina Tabellenéischten an huet elo néng Punkten um Kont. D’Ekipp vum Trainer Roberto Martinez huet sech am Estadio da Luz zu Lissabon mat 3:0 géint d’Ekipp vum Balkan duerchgesat.

Déi éischt Hallschent war zimmlech ausgeglach, awer och golaarm. Bosnien hat an der Persoun vum Edin Dzeko déi bescht Chance, éier de Bruno Silva kuerz virun der Paus den éischte Gol fir seng Faarwe markéiert huet. Och nom Säitewiessel hunn d’Spectateuren net vill Strofraumzeene gesinn. Bosnien hat wuel nach duerch de Sead Kolasinac nach eng gutt Chance, mee soss blouf de Match um Niveau vum éischten Duerchgang.

De Match huet vun der Spannung gelieft, ob Portugal de Match iwwer d’Ronn kritt oder Bosnien nach den Ausgläich geléngt. An der 77. Minutt sollt de Bruno Fernandes mam 2:0 den Deckel drop maachen. An der Nospillzäit huet de Bruno Fernandes säin zweete Gol vum Owend markéiert. Portugal konnt domat seng drëtt Victoire an der EM-Qualifikatioun feieren.

An der zweeter Partie vum Owend setzt sech d’Slowakei op Island mat 2:1 duerch a steet elo viru Lëtzebuerg op der Plaz 2 vun der Grupp E.

D’Slowake waren a Féierung gaangen, déi Island kuerz virun der Paus egaliséiere konnt. An der 70. Minutt huet de Suslov den zweete Gol fir d’Slowakei geschoss, wat dann och fir déi zweet Victoire an der Kompetitioun duergoe sollt.

Lëtzebuerg steet no dräi Matcher (1 Victoire, 1 Gläichspill, 1 Néierlag) op der drëtter Plaz vun der Grupp J. En Dënschdeg spillen d’Rout Léiwen um 20.45 Auer zu Zenica géint Bosnien-Herzegowina, déi no der Néierlag a Portugal elo just Véierte sinn.

Back to Top
CIM LOGO