
Den Danel Sinani war mat Norwich als Zweeten beim Drëttplacéierte Reading op Besuch. Norwich war an der 50. Minutt duerch den Hanley mat 1:0 a Féierung gaangen, mee Reading konnt duerch den Hendrick an der 60. Minutt ausgläichen.
Den Danel Sinani huet de Match op der Bänk ugefaangen a gouf an der 73. Minutt fir den Timuu Pukki agewiesselt.
D’Union Saint-Gilloise mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris huet sech en Donneschdeg an der Europa League zu Braga a Portugal mat 2:1 duerchgesat. Den Nilsson huet an der 86. an an der 94. Minutt fir d’Ekipp aus der Belsch markéiert a seng Ekipp esou op d’Tabelleplaz 1 geschoss.
Al Wehda huet am saudiarabesche Championnat mat 0:2 géint Al-Taawon verluer. De Lëtzebuerger Nationalspiller Gerson Rodrigues stoung an der Starteelef, gouf awer an der 58. Minutt ausgewiesselt.