Den Iwwerbléck vum internationale FuttballVictoirë fir United an Chelsea, 1:1 tëscht Alaves an Atlético

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet Tottenham doheem géint Bournemouth verluer, wärend Lille a PSG héich Succèse gefeiert hunn.
© AFP

An der Bundesliga hu Bremen a Leverkusen sech 3:3 getrennt, wärend d’Bayern knapp géint Augsburg gewonnen hunn.

Premier League

Chelsea - Fulham 2:0
1:0 Pedro (45+9'), 2:0 Fernandez (56', Eelefmeter)

D’Spectateuren un der Stamford Bridge hunn eng ausgeglachen éischt Hallschent gesinn, an där de Pedro d’Lokalekipp awer direkt virum Säitewiessel per Kappball a Féierung geschoss huet. No der Paus huet de Fernandez en Handeelefmeter zum 2:0 verwandelt, woumat hie scho fir d’Virentscheedung gesuergt huet.

Tottenham - Bournemouth 0:1
0:1 Evanilson (5')

Duerch en ofgefälschte Schoss vum Evanilson louchen d’Spurs doheem fréi a Réckstand. Si haten zwar méi de Ball, ma d’Chancen am éischten Duerchgang waren awer bal alleguerte fir d’Visiteuren. Tottenham ass och nom Säitewiessel trotz vill Ballbesëtz weiderhin ze ongeféierlech bliwwen, soudass ee sech géint Bournemouth verdéngt muss geschloe ginn.

Manchester United - Burnley 3:2
1:0 Cullen (27', Selbstgol), 1:1 Foster (55'), 2:1 Mbeumo (57'), 2:2 Anthony (68'), 3:2 Fernandes (90+7', Eelefmeter)

D’Haushären haten et géint eng kompakt Defense schwéier, fir sech Occasiounen erauszespillen. No engem Kappball vum Casemiro ass de Ball du vun der Lat un de Cullen gesprongen, deen ongewollt fir d’Féierung vun de Red Devils gesuergt huet. Burnley konnt awer no der Paus ausgläichen, an och dem Mbeumo seng direkt Äntwert huet den Opsteiger net beandrockt. Laang huet et dono ausgesinn, dass d’Red Devils dës Saison weider ouni Victoire bleiwen, ma de Fernandes konnt senger Ekipp vum Punkt aus déi um Enn verdéngt 3 Punkte sécheren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Parma - Atalanta 1:1
0:1 Pasalic (79'), 1:1 Cutrone (85')

Napoli - Cagliari 1:0
1:0 Anguissa (90+5')

D’Lokalekipp huet sech schwéier gedoe géint gutt organiséiert Gäscht an ass virum Säitewiessel just seelen a villverspriechend Situatioune komm. No der Paus huet den italieenesche Champion nach méi op d’Féierung gedréckt, déi meescht geféierlech Occasiounen sinn awer aus Standardsituatiounen entstanen. An esou sollt de Neapolitaner um Enn och de verdéngte Lucky Punch geléngen, well den Anguissa de Ball no engem Corner iwwer d’Linn gedréckt krut.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Lorient - Lille 1:7
0:1 Perraud (46'), 0:2 Fernandez-Pardo (53'), 1:2 Tosin (65'), 1:3 Fernandez-Pardo (77'), 1:4 Igamane (81'), 1:5 Haraldsson (87'), 1:6 Igamane (90+3'), 1:7 Sahraoui (90+5')

Toulouse - Paris Saint-Germain 3:6
0:1 Neves (7'), 0:2 Barcola (10'), 0:3 Neves (14'), 0:4 Dembélé (31', Eelefmeter), 1:4 Cresswell (37'), 1:5 Dembélé (51', Eelefmeter), 1:6 Neves (78'), 2:6 Gboho (89'), 3:6 Vossah (90+1')

Schonn no enger Véierelsstonn war de Match no engem Gol vum Barcola an zwee Fallrückziher vum Neves praktesch entscheet. Um Enn huet de franséische Champion sech an engem Match mat ganz ville Goler däitlech duerchgesat, woumat een dës Saison weiderhin ouni Punktverloscht bleift.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Deportivo Alaves - Atlético Madrid 1:1
0:1 Simeone (7'), 1:1 Vicente (14', Eelefmeter)

Trotz fréier Féierung geet de schwaache Start vun Atlético an déi nei Saison och géint Alaves weider. D’Formatioun vum Diego Simeone ass net iwwert en 1:1 erauskomm a bleift domat och um 3. Spilldag vun der Liga ouni Succès.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO