
Bei enger vu sengen éischte Kompetitioune mat sengem neie Päerd Foxy de la Roque konnt de Victor Bettendorf beim 3-Stäre-Grand Prix zu Valencia gewannen. Ënner 41 Starter war de Lëtzebuerger de Séiersten. De Bettendorf blouf am Normalëmlaf ouni Strofpunkt a konnt déi bescht Zäit op de Chrono bréngen.
D’lescht Woch gouf hien op der selwechter Plaz den Zweeten.