
D‘Partie hat och eng politesch Dimensioun. D‘Wäissrussin Sabalenka huet nom Match beim Netz gewaart, fir dem Svitolina d‘Hand ze ginn. D‘Ukrainerin ass awer direkt bei den Arbitterstull an duerno bei hir Bänk gaangen, ouni mat der Géignerin de gewinnten “shake hand” ze maachen. Wäissrussland ass jo am russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain op der Säit vu Russland.
An der Halleffinall kritt d‘Sabalenka et elo mat der Tschechin Karolina Muchova ze dinn.