
Schonn um Freideg den Owend war et den Optakt vum 11. Spilldag am nationale Futtballchampionnat. De Swift Hesper huet Hamm mat 7:0 iwwerrannt an de Progrès huet sech géint Rodange duerchgesat.
Am Spëtzematch vum 11. Spilldag hu béid Ekippen, d’Fola an Diddeleng, den Zuschauer am Stade Emile Mayrisch e flotten an ënnerhalsame Match gebueden. Béid Ekippen hunn de Wee no vir gesicht, Diddeleng war awer méi effektiv a virun allem och en Tick méi sprëtzeg wéi d’Lokalekipp, sou dass den F91 an der Paus duerch Goler vum Bettaieb (2') an dem Sinani (32') mat 2:0 a Féierung louchen.
No der Paus huet Diddeleng weider op den Tempo gedréckt an hat eng Rei u weidere gudde Chancen, éier de van den Kerkhof mam 3:0 an der 59. Minutt fir d’Virentscheedung gesuergt huet. Bei dësem Resultat sollt et dann och bleiwen.