BGL LigueHesper iwwerrennt Hamm mat 7:0

RTL Lëtzebuerg
An der zweeter Partie vum Owend huet sech Nidderkuer mat 1:0 zu Rodange duerchgesat.
Swift Hesper - RM Hamm Benfica
Swift Hesper - RM Hamm Benfica
© Joel Sauber

E Freideg den Owend war den Optakt vum 11. Spilldag am nationale Futtballchampionnat. De Swift Hesper huet dem RM Hamm Benfica absolutt keng Chance gelooss a sech kloer mat 7:0 duerchgesat. Schonn no den éischte 45 Minutte stoung et 7:0 fir d’Haushären. D’Goler hunn de Shala (22', 24', 45' (Eelefmeter)), de Stolz (36', 39', 42' (Eelefmeter)) an den Electeur (20') geschoss.

An der 2. Partie huet sech de Progrès Nidderkuer verdéngt dräi Punkten zu Rodange geséchert. Déi Nidderkuerer hunn d’Partie spilleresch dominéiert, ma et huet awer bis déi 66. Minutt gedauert, bis hinnen e Gol duerch de Mazure gegléckt ass. Mat 1:0 aus Siicht vum Progrès ass d’Partie dann och op en Enn gaangen.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO