WantersportVictoire vum Vincent Kriechmayr beim Super G zu Val Gardena an Italien

RTL Lëtzebuerg
Hannert dem Éisträicher kënnt säi Compatriote Daniel Hemetsberger op déi zweet Plaz.

Drëtte gëtt de Schwäizer Marci Odermatt.

Am Biathlon stoung e Freideg zu Lenzerheide bei den Hären e Sprint um Menü. Fir déi drëtte Kéier an dëser Saison stoung de Benedikt Doll aus Däitschland ganz uewen um Podium. Am Zil hat hie 5,4 Sekonne Virsprong op de Johannes Thingnes Bö aus Norwegen. Drëtten ass de Philipp Nawrath aus Däitschland ginn. Genee wéi de Bö huet hien ee Feeler geschoss an hat um Enn e Réckstand vu 36,8 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO