ReidenVictor Bettendorf gewënnt Grand Prix Hermès CSI5* zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
Déi excellent Saison vum Sprangreider geet och dëse Weekend weider.
Grand Prix Hermès CSI5* zu Paräis
Weider grouss Victoire fir de Victor Bettendorf a säi Päerd Mr. Tac.

Op sengem Päerd Mr. Tac konnt de Lëtzebuerger eng Ronn ouni Feeler mat 13 weideren, déi dëst gepackt hunn, fir d’Stieche qualifizéieren. Do gouf et eng weider feelerfräi Ronn an dat an enger staarker Zäit vun 32,08 Sekonnen. Un déi Zäit sollt kee vun den anere Reider erukommen.

Domadder gewënnt de Victor Bettendorf 132.000 vun den am ganze 400.000 Euro Präisgeld, déi bei dësem Grousse Präis ausgeschriwwe waren. Hien ass den éischte Lëtzebuerger, deen esou en renomméierten an héich dotéierte Grand Prix gewanne konnt.

Back to Top
CIM LOGO