
De Victor Bettendorf ass e Sonndegmëtteg mat sengem Päerd Mr. Tac beim Grand Prix vum CSI3* zu St. Tropez Gassin a Frankräich ugetrueden a konnt dësen och gewannen.
Dëst Sprangen ass iwwer 1,55 Meter gaangen an et ware 55 Participanten um Depart. Et waren insgesamt 18 Reider am Normalëmlaf dobäi, dorënner och de Lëtzebuerger. Am Stiechen war hie mat 37,92 Sekonnen an null Feeler de Séiersten, woumat him déi éischt Plaz net ze huele war.
Beim CDI-W zu Budapest an Ungarn ass den Nicolas Wagner Ehlinger mat sengem Päerd Quatre Back Junor an der Grand Prix Kür op déi gutt 3. Plaz komm.