World University GamesVictoria Rausch packt et net bis an d'Finall

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg hat d'Victoria Rausch et nach op der Universiade zu Chengdu a China souverän an d'Halleffinall gepackt.

Op der Universiade zu Chengdu a China huet d‘Victoria Rausch et e Freideg net an d’Finall gepackt.

D’Lëtzebuergerin koum an hirem Laf iwwer 100 Meter Hecken an der Halleffinall net iwwer déi leschte Plaz eraus an ass 33 Honnertstel iwwer hirem Lëtzebuerger Rekord bliwwen. Um Enn ass si mat hirem Chrono vun 13,57 Sekonnen déi 15. ginn.

D’Vera Hoffmann huet sech iwwerdeems iwwer 1500 Meter fir d’Finall e Sonndeg (12h20 Lëtzebuerger Zäit) qualifizéiert. An hirer Serie ass d’Lëtzebuergerin déi 2. ginn an hat domadder sécher den Ticket fir d’Finall.

Back to Top
CIM LOGO