
E Mëttwoch den Owend stoungen am Futtball déi lescht Aachtelsfinalle vun der Champions League um Programm. Déi zwee lescht Ticketen hu sech Villarreal an Chelsea geséchert.
Folgend Ekippen hu sech och nach fir d’Véierelsfinalle qualifizéiert: Atlético Madrid, Bayern München, Benfica Lissabon, Liverpool, Manchester City a Real Madrid.
E Freideg an der Mëttegstonn ginn d’Partië vun der nächster Ronn ausgeloust.
0:1 Moreno (78',p), 0:2 Torres (85'), 0:3 Danjuma (90'+2,p)
Juventus Turin a Villarreal hate sech am Allersmatch mat engem 1:1-Remis getrennt. Domadder war am Retourmatch e Mëttwoch den Owend fir béid Ekippen nach alles méiglech. Nodeems sech béid Ekippen an den éischte Minutten ofgetaascht un, ass déi al Damm besser an de Match komm. D’Juve huet besser no vir gespillt an hat dann och déi besser Chancen op senger Säit. An der 21. Minutt huet beispillsweis beim Versuch vum Vlahovic just d’Lat den 1:0 verhënnert. Och duerno huet d’Juve dacks de Wee an de Strofraum vu Villarreal fonnt, ma dat ronnt Lieder sollt awer net iwwert d’Linn goen. Et wär eng verdéngt Féierung an der Paus gewiescht, ma esou ass et mat engem 0:0 an d’Kabinne gaangen.
An der 76. Minutt gouf et e Foul am Strofraum vun der Juve, deen den Arbitter awer als éischt lafe loosse wollt. Op d’Ouer krut hien awer aner Consignen, esou datt hie sech d’Zeen nach eng Kéier ugekuckt an dono awer op de Punkt gewisen huet. De Moreno huet de Ball a säi rietsen Eck geschoss, den Szczesny am Gol war zwar am Eck, ma de Schoss war ze präzis. Esou geet Villarreal 13 Minutte viru Schluss a Féierung, obwuel d’Italiener bis dohin iwwer laang Phasen déi besser Ekipp um Terrain waren. Dëst war dann och déi éischte richteg Golchance nom Säitewiessel, well all déi aner Versich vu béide Säite sinn an der Defense hänke bliwwen oder däitlech laanscht de Gol gaangen. Eng Konter vu Villarreal konnt eng 9 Minutte viru Schluss gekläert ginn an d’Spuenier kruten e Corner zougesprach. Deen huet den Aurier erabruecht an zimmlech zentral den Torres fonnt, dee ganz eleng stoung. Déi Chance huet sech den Defenseur net huele gelooss an huet den 2:0 fir seng Ekipp an domadder scho quasi d’Virentscheedung markéiert. Eng weider Konter huet dunn d’Entscheedung bruecht. Fir de Schoss ze blocken, huet sech den de Ligt an de Wee gehäit an de Ball mat der Hand ofgewiert. Den Arbitter huet dem Defenseur Giel ginn an op de Punkt gewisen. Dëse Penalty gouf och nach eng Kéier vum VAR kontrolléiert a wéi e bis fräi gi war, huet den Danjuma de Ball erageschoss. Bei dësem Score an der klorer Victoire vun de Spuenier sollt et da bleiwen.
1:0 Yilmaz (38'), 1:1 Pulisic (45'+3), 1:2 Azpilicueta (71')
Chelsea ass mat engem 2:0-Avantage aus dem Aller an de Réckmatch gaangen. An den éischte Minutte vun der Partie war Lille déi liicht besser Ekipp, ma Chelsea ass du besser an de Match komm, war méi dominant an hat méi Zuch zum Gol. Lille dogéint huet kee richtegen Zougrëff kritt. Chancë gouf et awer op béide Säite kaum. An der 36. Minutt huet den Arbitter dunn een Eelefmeter fir Lille gepaff an dat no engem Handspill vum Jorginho. De Yilmaz huet sech der Saach ugeholl a fir d’Lokalekipp op 1:0 gesat. Laang huet d’Féierung vu Lille awer net gehalen. Sekonne virun der Paus huet de Pulisic op 1:1 gesat.
An der 52. Minutt hat Lille eng gutt Chance, fir nees a Féierung ze goen, ma de Käpper vum Yilmaz goung knapp iwwert de Gol. 10 Minutte méi spéit nees Lille, ma dëst d’Kéier huet de Xeka mam Kapp just de Potto getraff. Den Azilicueta vun Chelsea huet et mat der éischter richteger Chance vun den Englänner an der zweeter Hallschent du besser gemaach. Hien huet d’Pass vum Mount genotzt, säi Géigespiller ausgedribbelt an den 2:1 markéiert. Lille hat dono keng zwéngend Chance méi an hire Golkipp Jardim hat nach an der 92. Minutt Schlëmmeres verhënnert, wéi hien en net ganz kadréierte Schoss vum Alonso ofwiere konnt.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.