Optakt vun de US OpenVilles deit op eng Finall tëscht Alcaraz an Djokovic hin

Franky Hippert
Am Tennis ass mat de US-Open e Méindeg dee 4. a leschte Grand-Slam-Turnéier vum Joer un.
© CLIVE BRUNSKILL GETTY IMAGES NORTH AMERICA Getty Images via AFP

Novak Djokovic oder Carlos Alcaraz, dat ass hei déi grouss Fro. D’Experte sinn sech eens, datt d’Chancë grouss sinn, datt déi aktuell zwee bescht Spiller op der Welt sech zu Flushing Meadows an der Final erëmbegéinen. Zu Wimbledon hunn déi zwee sech schonn eng epesch Final geliwwert, mam besseren Enn fir de Carlos Alcaraz.

Den 20 Joer ale Spuenier ass zu New York och Titelverdeedeger. Fir de fréiere Gewënner vun de US Oen bei den Junioren gesäit et jiddwerfalls duerno aus, wéi wann et an der leschter Ronn nees zum Duell tëscht Alcaraz an dem 16 Joer méi alen Novak Djokovic kéim.

US Open: Villes deit op eng Finall tëscht Alcaraz an Djokovic hin

Den Novak Djokovic wëll op alle Fall gär de 24. Grand Slam Titel an senger Karriär gewannen. Hien géif domat de Rekord vun der Margaret Court egaléieren. Fir den Alcaraz wier et deen drëtten Titel.

Back to Top
CIM LOGO