
Ënner 16 Ekippe gëtt den Nofollger vum F91 Diddeleng als Champion gesicht.
Um éischte Spilldag vun der neier Saison huet den Opsteiger Monnerech e Sonndeg d’Victoria Rouspert bei sech op Besuch. Zwou Ekippen, déi par Rapport zum leschte Joer een neien Trainer hunn an déi allebéid sécherlech de Klassenerhalt als dat grousst Zil hunn.
LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vum FC Monnerech, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vun der Victoria Rouspert, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
No 5 Matcher Coupe d’Europe ass den nächste Weekend den Optakt an der héchster Lëtzebuerger Futtballdivisioun fir de Lëtzebuerger Champion F91 Diddeleng. Zum Ofschloss vum 1. Spilldag kënnt et e Méindeg zum Klassiker F91-Jeunesse. Wéi béid Ekippen dës Saison preparéiert hunn, dat verréit eis de Gilles Tricca.
LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vum F91 Diddeleng, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vun der Jeunesse Esch, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
D’Fola war europäesch an et konnt ee sech schonn e Bild maachen. D’UNA Stroossen hat bis elo just Frëndschaftsmatcher. Wat kann een an den groussen Zich zu béide Formatiounen soen Serge Olmo?
LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vun der Escher Fola, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vun der UNA Stroossen, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
Zwou Ekippen, déi d’lescht Saison bis zum Schluss géint den Ofstig gekämpft hunn, sinn d’Etzella Ettelbréck an d’Union Titus Péiteng. Nëmmen 2 Punkten hu béid Formatiounen an der Tabell um leschte Spilldag getrennt. Dëst Joer soll alles anescht ginn a béid Ekippen hunn dat grousst Zil, de Maintien sou séier wéi méiglech perfekt ze maachen.
LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vun der Ettelbrécker Etzella, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vun der Union Titus Péiteng, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
Am Kader vun eiser Futtball-Virschau bei de Veräiner aus der BGL Ligue ass et e Mëttwoch un der US Hueschtert an der US Munneref. Béid Veräiner ginn d’Saison mat engem neien Trainer un. Wat déi zwee Clibb sech soss nach virgeholl hunn, huet fir eis de Cliff Block nogefrot.
LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vun der US Munneref, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vun der US Hueschtert, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
Ee vun den Haaptmatcher vum éischte Spilldag dierft den Duell FC Déifferdeng géint de Stater Racing sinn. Béid Ekippe ware schonn europäesch am Asaz. Den FC Déifferdeng gouf géint Ljubliana ganz knapp eliminéiert an de Racing hat keng Chance géint Cukaricki aus Serbien. Et konnt een awer phaseweis feststellen, datt déi zwou Ekippe staark sinn an dës Saison eng wichteg Roll wäerte spillen.
LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vum FC Déifferdeng 03, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vum Stater Racing, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
Käerjeng ass nei derbäi an der BGL Ligue. Fir den Optakt spillt den Opsteiger doheem géint Wolz. Di Wëlzer hu bis zur leschter Sekonn vum Barragematch missten zidderen, fir net ofzesteigen.
LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vun der UN Käerjeng, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vum FC Wolz 71, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
Am Kader vun eiser Futtball-Virschau bei de Veräiner aus der BGL Ligue ass et en Donneschdeg den Owend um Progrès Nidderkuer an dem Swift Hesper. Fir béid Clibb war déi leschte Saison enttäuschend verlaf, dëst well kee vu béide Veräiner sech fir eng europäesch Kompetitioun qualifizéiere konnt. Wat d’Ambitioune vu béide Clibb an der neier Saison sinn, huet de Cliff Block nogefrot.
LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vum Swift Hesper, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.LINK: Hei fannt Dir de komplette Kader vum Progrès Nidderkuer, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.