D’Rout Léiwe sinn e Samschdeg den Owend gefuerdert. Am Stade de Luxembourg heescht de Géigner vun 20.45 Auer un Serbien. Dir kënnt d’Partie live um Radio, op der Tëlee op RTL ZWEE an am Stream op RTL.lu live suivéieren.
De Géigner ass Serbien, eng Formatioun, géint déi et viru ronn engem Mount zu Belgrad eng 1:4-Defaite gouf. Bis elo gouf et um neie Stadion fir d’FLF-Selektioun nach keng Defaite. Fir e Samschdeg ass awer géint dee staarke Géigner eventuell domadder ze rechnen.
Wéi fir déi aner Partien um neie Stadion wäerten 2.000 Spectateure kënne bei dem Qualifikatiounsmatch dobäi sinn.
Kuerzfristeg huet sech bei der FLF-Selektioun den Defenseur Enes Mahmutovic blesséiert. De Kevin Malget ass fir d’Partie géint Serbien an och de Match a Portugal vu nächsten Dënschdeg nonominéiert ginn.
Et war jo scho gewosst, datt mat Lars Gerson, Vincent Thill a Marvin Martins dräi aner Spiller net fit wieren. Gewosst ass natierlech och, datt de staarken Duo Gerson Rodrigues a Christopher Martins gespaart wäert feelen. Et ass en Challenge fir de Luc Holtz, dat kënnen ze kompenséieren.
Virun engem gudde Mount goufen d’Lëtzebuerger, a virun allem d’Defenseuren, ferm ënner Drock gesat vun de serbeschen offensive Leit. De Mica Pinto stellt sech d’Fro, ob et deemno besser wier, den Allersmatch komplett ofzehaken oder als Preparatioun nach emol Revue passéieren ze loossen.
Den Nationaltrainer hat op der Pressekonferenz ënnerstrach, datt déi zwee Matcher, déi elo ustinn, also géint Serbien a Portugal, déi komplizéiertst vun der ganzer Campagne dierfte ginn.
Géint Irland nees méi Leit am Stadion
De 14. November géint Irland fält iwwerdeems d’Limitt vun den 2.000 Leit ewech. De Sportminister Dan Kersch:
Effektiv ass et elo esou, datt déi Uewergrenz elo opgehuewe gëtt, datt elo bei Veranstaltungen iwwer 2.000 Leit méiglech sinn. Et muss awer een extra Konzept vun der Santé approuvéiert ginn. Alleguerten déi aner Veranstaltunge bis 2.000 Leit, lafen ënnert deem neie Regime CovidCheck. Dat heescht, et ass een entweder geimpft, getest oder genesen. Et ass dat, wat déi grouss Neierunge sinn. Domadder komme mir der Sportbeweegung ganz wäit entgéint. Dat och dat, wat vu ganz ville Federatioune gefrot ginn ass. Ech selwer hat Kontakt mat 7 oder 8 Federatiounen an et ass allgemeng begréisst ginn.