
De September spillt d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp déi nächst Matcher an der WM-Qualifikatioun. Den 1. September heescht de Géigner Aserbaidjan an de 7. September geet et géint de Katar. Béid Partië ginn am neie Stade de Luxembourg gespillt.
D’FLF huet e Freideg matgedeelt, datt ee vun e Samschdeg 12 Auer un Ticketen am Virverkaf iwwert de Site de Site luxembourg-ticket.lu ze kafe kritt. Wéinst de Corona-Restriktiounen dierfe maximal 2.000 Persounen an de Stadion.