WimbledonVondrousova gewënnt d'Finall géint Jabeur

RTL Lëtzebuerg
Et ass den éischte Grand-Slam-Titel an der Karriär vun der Tschechin.
© AFP

D’Marketa Vondrousova huet d’Finall vum Tennis-Tournoi zu Wimbledon gewonnen. D’Tschechin huet sech mat 6-4 a 6:4 géint d’Tunesierin Ons Jabeur konnten duerchsetzen. Fir d’Marketa Vondrousova ass bis dato de gréissten Erfolleg an hirer Karriär.

Enn vum 1. Saz huet d’Jabeur ze vill onnéideg Feeler gemaach, sou dass Vondrousova beim Stand vum 5:4 dräi Sazball hat, an direkt den éischte konnt notzen.

Ufank vum zweete Saz huet Vondrousova direkt e Break realiséieren. De Re-Break sollt awer net laang ob sech waarden. Jabeur huet sech zeréck an de Match gekämpft an et huet sech an der Suite en héichklassege Match entwéckelt. Um Enn sollt Vondrousova sech awer duerchsetzen a wäert ab e Méindeg Nummer 10 an der Weltranglëscht sinn.

Fir d’Ons Jabeur ass et déi drëtten Néierlag an enger Grand-Slam Finall.

Back to Top
CIM LOGO