WimbledonVondrousova steet an der Finall an trëfft op d'Jabeur

RTL Lëtzebuerg
Beim drëtten Tennis-Grand-Slam vun der Saison trëfft d'Tschechin an der Finall op d'Tunesierin.
© AFP

D‘Marketa Vondrousova huet sech als éischt fir d‘Finall vum Tennis-Tournoi zu Wimbledon qualifizéiert. D’Tschechin huet sech kloer mat 6-3 a 6-3 géint d‘Ukrainerin Elina Svitolina behaapt.

An der zweeter Halleffinall goung d’Victoire un d’Tunesierin Ons Jabeur, déi der Aryna Sabalenka aus dem Belarus beim 6:7, 6:4 a 6:3 alles ofverlaangt huet. Duerch d’Néierlag vun der Sabalenka wäert si och nom Weekend net op d’Plaz 1 vun der Weltranglëscht rutschen.

Back to Top
CIM LOGO