An der Wantersaison gouf et bis elo 2 Crossen. Bei de Kanner ass d’Zuel vun de Participanteë méi grouss wéi bei den Erwuessenen. Déi rout-blo T-Shirte vum CSL ware bei de Courssen awer omnipresent. De gréisste Veräin aus der Liichtathletikfederatioun zielt ronn 300 affiliéiert Kanner, an et besteet souguer eng Waardelëscht. Déi wäert allerdéngs an nächster Zukunft reduzéiert ginn.
De Stade Josy Barthel wäert nach eng 8 Joer ënnert där Form bestoe bleiwen. Viru kuerzem huet d’Stad Lëtzebuerg d’Gewënner vum Concours vum Immobiliëprojet Wunnquartier Stade bekannt ginn. Op där Plaz vum Stade Josy Barthel soll dann e Park mat enger Waasserfläch entstoen. Wann d’Aarbechten ufänken, wäerten d’Trainingsméiglechkeete vum CSL eng aner Nues kréien.
Deen neie Liichtathletikzentrum zu Hamm soll fir d’Spiller vun de klenge Länner am Joer 2029 fäerdeg sinn. Viru kuerzem gouf mam LIAL een 2. Stater Veräin gegrënnt. En Deel vum Kuch gëtt dann eventuell gedeelt.