NFLWashington-Coach Rivera huet Hautkriibs

RTL Lëtzebuerg
Wéi ESPN schreift, huet den 58 Joer ale Ron Rivera et en Donneschdeg den Owend och senge Spiller matgedeelt.
© AFP

Bei enger Kontroll ass den Hautkriibs am Genéck festgestallt ginn. De Kriibs ass an engem fréie Stadium a wier behandelbar an heelbar.

“Ech wäert weider coachen”, sot de Rivera. D’Dokteren hätten him Courage zougesprach. Hie soll et maachen, wann e sech staark genuch fillt. Seng Traineraarbecht kéint a Corona-Zäiten awer zu Problemer féieren, well duerch d’Behandlung gëtt säin Immunsystem erofgefuer. Dëst erhéicht den Infektiounsrisiko immens. Fir de Rivera awer kee Problem, hie sot dozou: “Ech hunn e Plang B”. Wéi deen ausgesäit, wollt hien awer net verroden.

Back to Top
CIM LOGO