FuttballWéi geet et d'nächst Saison mam Laurent Jans weider?

Franky Hippert
D'Chancen fir den Tabelleleschten SC Paderborn an der éischter Däitscher Futtball Bundesliga ze bleiwen, sinn zanter e Samschdeg quasi bei 0.

D’Ekipp vum Laurent Jans huet de wichtege Kellerduell um 31. an domat véiertleschte Spilldag jo 1:5 géint den Tabellenzweetleschten Werder Bremen verluer. D’Fro aus Lëtzebuerger Siicht ass awer och, wéi et mam Nationalspiller d’nächst Saison kéint virugoen. De Laurent Jans huet jo nach ee Joer Kontrakt beim FC Metz.

Laurent Jans a Paderborn / De Reportage vum Franky Hippert

De Laurent Jans, deen e Samschdeg mat ugefaangen hat, an, an der Paus beim Spillstand vun 0:3 aus taktesche Grënn ausgewiesselt gouf, ass jo dës Saison just vum FC Metz op Paderborn ausgeléint. Wat seng Zukunft ugeet, esou ass déi nach ongewëss, seet de Rietsverdeedeger:

“Et ass gewosst, datt Paderborn eng Optioun huet, fir mech ze kafen a fir iwwert d’Saison eraus zesummen ze schaffen. Deen Delai ass nach net ofgelaf, et muss een sech deemno nach e bëssen gedëllegen”.

No der Partie vun e Samschdeg an 8 Punkten Retard op d’Barrageplaz, bei just nach 9 méigleche Punkten dës Saison, dierft d'2. Liga wuel net méi ze evitéieren sinn, och wa reng rechneresch nach eng minimal Chance besteet. De Laurent Jans:

“Well mer och Tabelleleschte sinn, muss een ofwaarden, wéi ee sech déi nächst Joren wëll opstellen. Dofir ass vläicht nach näischt geschitt. Ech muss mech elo op de Futtball konzentréieren an da kucken, wat dobäi erauskënnt, ugoen”.

Eppes ass awer och kloer, den 63-fachen Lëtzebuerger Nationalspiller huet sech gutt zu Paderborn agelieft:

“Wat sécher ass, ass och, datt de Veräin super zefridden mat mir ass. Ech sinn och ganz frou hei. Ech weess awer och, datt ech mech nach mat Metz un den Dësch muss setzen. Am Moment ass et awer e bësse komplizéiert, well mir englesch Wochen hunn”.

E puer Froe mussen nach gekläert ginn, an zwar ob Metz a Paderborn sech bei der Transfertzomm eens ginn. Nom Ofstig wëll Paderborn am Prinzip keng Sue fir Transferten ausginn. An déi zweet Saach ass, ob de Laurent Jans awer net nees op Metz kéint zeréckkommen, fir dann do no engem Joer Experienz an der Bundesliga, d’nächst Saison an der Ligue 1 ze spillen.

Back to Top
CIM LOGO