
D‘Union Saint-Gilloise mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris wënnt en Donneschdeg mat 3:2 géint Malmö a wënnt domat och den zweete Match an der Gruppephas. Si sinn elo punktgläich mat Braga, déi hirersäits mat 1:0 géint Union Berlin gewonnen hunn.
An der Conference League war da mam Marvin Martins och nach e Lëtzebuerger am Asaz. Hien huet mat senger Ekipp Austria Wien mat 1:4 géint Lech Posen aus Polen verluer. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 77. Minutt ausgewiesselt.

Nodeems de Lëtzebuerger Nationalspiller bei Sparta Rotterdam net méi vill Spillpraxis krut, ass hie lo bei Waldhof Mannheim am Asaz.
Knapps ee Mount spillt de Laurent Jans elo bei Waldhof Mannheim a war no véier méigleche Matcher véier Mol vun Ufank un dobäi. Dat no enger Zäit, wou hie bei Sparta Rotterdam net méi sou vill gespillt hat. Wéi de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp sech zu Mannheim agelieft huet, seet eis de Sam Rickal.
No Waasland Beveren, dem FC Metz, SC Paderborn, dem Standard vu Léck a Sparta Rotterdam ass Waldhof Mannheim dem Laurent Jans seng sechste Profistatioun am Ausland. Sech nei an engem Veräin ze integréieren, ass fir de 85-fache Lëtzebuerger Nationalspiller deemno keng nei Erfarung. Gutt agelieft huet hie sech allefalls.
Zu Mannheim hat sech de Laurent Jans méi Spillzäit erhofft an déi huet hie bis elo och kritt. Vu véier méigleche Matcher stoung hie véier Mol an der Onze de Base. Bei senger Premiere am Trikot vun de Waldhöfer konnt hie souguer ee Gol virbereeden. Deemno ass hien och zefridde mat senger Ufankszäit zu Mannheim.
D’Zil fir Mannheim ass dëst Joer den Opstig. No aacht Matcher steet d’Ekipp vum Laurent Jans mat dräi Punkte Retard op d’Opstigsplazen op Plaz 8. D’Konkurrenz, fir dat grousst Zil z’erreechen, ass grouss an trotzdeem wëllen de gebiertegen Éisleker a seng Ekipp sech emol virun allem op sech konzentréieren.
Ier dann déi lescht Matcher mat der Nationalekipp an der Nations League um Programm stinn, geet et fir de Laurent Jans a Waldhof Mannheim elo emol de Weekend doheem géint Wehen Wiesbaden.