
En huet mat 190kg ugefaangen, déi en ouni Problem gemeeschtert huet. Den Nationaltrainer Alain Hammang huet doropshin 200kg opleeë gelooss, wat gläichbedeitend mat engem neie Lëtzebuerger Rekord war. Och déi huet de Mark Notschaele gedréckt an et gouf op 210kg gehéicht. Déi konnt de Bänkdrécker och meeschteren a sech nieft dem zweeten Titel och nach en neie Lëtzebuerger Rekord sécheren.
De Vincent Matthews ass an der Klass -105 Master 2 an d’Competitioun gaangen an huet hei mat 190kg och en neie Rekord opgestallt. Hie koum um Enn op déi 5. Plaz.
