Rekord-TransfertWeltmeeschter Enzo Fernandez wiesselt bei den FC Chelsea

RTL Lëtzebuerg
De Veräin aus der englescher Haaptstad huet sech den Enzo Fernandez ëmgerechent 121 Milliounen Euro kaschte gelooss.
© AFP

Dat huet dem Argentinier säi Veräin Benfica Lissabon an der Nuecht op e Mëttwoch matgedeelt. De Fernandez war eréischt am Summer vum argentinesche Veräin River Plate bei de portugisesche Club gewiesselt. Nieft senge Leeschtunge fir Benfica ass den 22 Joer ale Mëttelfeldspiller mat Argentinien Weltmeeschter ginn a gouf dobäi och zum beschte jonke Spiller vum Tournoi gewielt.

Mat der Zomm vun 121 Milliounen Euro ass hien elo den deiersten Transfert an der Geschicht vun der englescher Premier League. An dëser “Ranglëscht” huet hien also den Jack Grealish vun der éischter Plaz ofgeléist, deen 2021 fir 117,50 Milliounen Euro vun Aston Villa bei Manchester City gewiesselt war.

Onmoosseg Zommen

Fir d’"Blues” war de Fernandez den aachten neie Spiller an dësem Wanter. Eleng an dëser Transfertperiod huet d’Ekipp vu London 329,50 Milliounen Euro ausginn. Op déi komplett Saison gekuckt, sinn et esouguer 611,49 Milliounen Euro. Duerch dës immens héich Zommen ass Chelsea natierlech och vill an d’Kritik geroden.

Am Verglach: déi aner 19 Premier-League-Veräiner alleguerten zesummen hunn an dëser Transfertperiod 500,3 Milliounen Euro fir nei Spiller ausginn. Deemno war den FC Chelsea fir bal 40 Prozent vun all den Ausgaben eleng verantwortlech.

Weidere Verglach: mat hire 611,49 Milliounen Euro, déi d’Blues an der kompletter Saison ausginn hunn, hu si och méi Suen investéiert wéi déi komplett Bundesliga. Déi 18- Bundesliga-Veräiner kommen nämlech all zesummen op e Montant vu 555 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO