
Nodeems d’Hammers sech am Allersmatch vun der éischter Halleffinall scho mat 2:1 géint d’Gäscht aus Nordholland duerchsetze konnten, ass et fir si en Donneschdeg dorëms gaangen, fir de Match géint Alkmaar net ze verléieren. Dobäi war et awer d’Lokalekipp, déi di besser Chancen hat, mä d’Hollänner konnten de Ball net am Gol vum Areola ënnerbréngen. Um Enn hunn d’Gäscht vu London d’Ineffikassitéit vun der Lokalekipp bestrooft an am Numm vum Pablo Fornals an der 94. Minutt nach den 1:0 markéiert, soudatt d’Londoner de Réckmatch mat 1:0 gewannen an domadder, op déi zwee Matcher gekuckt, mat 3:1 an d’Finall vun der Conference League anzéien.
An der zweeter Halleffinall ass Basel mat engem 2:1 Avantage an de Réckmatch gaangen. No 90 Minutte waren d’Gäscht aus Florenz allerdéngs mat 2:1 a Féierung, soudatt et an dësem Match an d’Verlängerung gaangen ass. Dës war gepräägt vun enger laanger Ënnerbriechung, déi wéinst engem medezineschen Noutfall am Fan-Block vu Florenz zustane komm ass. Ganz spéit an der Verlängerung konnt de Barak dunn den 3:1 fir d’Viola vu Florenz markéieren a seng Faarwen domadder an d’Finall vun der Conference League schéissen.
De 7. Juni trëfft West Ham zu Prag op Florenz an der Finall vun der Conference League.