
Sheriff Tiraspol steet an der moldawescher Coupe an den Halleffinallen. D’Ekipp ronderëm de Lëtzebuerger Sébastien Thill huet an de Véierelsfinallen Petrocub mat 4:0 geklappt.
Den neie Veräi vum Vincent Thill Orebro an der zweeter schwedescher Liga konnt sech an der nach ganz jonker Saison doheem mat 3:1 géint Jonkopings duerchsetzen. Den neie Mann aus Lëtzebuerg huet vun der Bänk aus materlieft, wéi seng Ekipp aus engem 0:1 Réckstand en 3:1 gemaach huet, dat duerch Goler vum Larsson, Hamad a Milleskog.
E Méindeg den Owend gouf et fir den Danel Sinani mat senger Ekipp Huddersfield Town eng 2:0-Victoire an der 2. englescher Liga géint Luton Town. De Lëtzebuerger Nationalspiller war an der Startopstellung a gouf an der 77. Minutt ausgewiesselt.
Mam Olivier Thill war e weidere Lëtzebuerger Futtball am Ausland am Asaz. Mat senger Ekipp Eyüpspor an der 2. tierkescher Liga gouf et een 2:2 Remis géint Altinordu Izmir. De Lëtzebuerger huet de Match komplett duerchgespillt an an der 78. Minutt den 2:2 markéiert.
An der 2. däitscher Bundesliga gouf et eng wichteg 2:1-Victoire fir Sandhausen mam Maurice Deville géint Dresden. Duerch de Succès huet d’Ekipp vum Lëtzebuerger elo eng Avance vu 6 Punkten op Dresden op der Relegatiounsplaz. De Maurice Deville ass no 70 Minutten agewiesselt ginn an huet an der 89. Minutt déi giel Kaart gesinn.
Am belsche Championnat gouf de Match tëscht dem Leader Union St. Gilloise an dem Ofsteiger Beerschot an der 84. Minutt ofgebrach. Spectateure vun de Gäscht waren op den Terrain gestiermt, sou datt dem Arbitter beim Stand vun 0:0 näischt anescht wéi een Ofbroch iwwreg bliwwen ass. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt bei der Lokalekipp tëscht de Pottoen. De Lëtzebuerger steet um Enn vun der éischter Phas op Plaz 1 a spillt domadder elo am Titel-Playoff ëm de Championstitel.
Am Relegatiounsgrupp vun der 2. dänescher Liga konnt Jammerbugt mat 2:1 géint Esbjerg gewannen. Op Säite vu Jammerbugt war de Farid Ikene an den éischten Eelef an ass an der 41. Minutt ausgewiesselt ginn. De Yan Bouché gouf an der 68. Minutt agewiesselt, wärend de Leonel Gomes op der Bänk bliwwen ass an den Diogo Pimentel an den Omar Natami net am Kader stoungen.
Am Titelgrupp vun der 1. Liga an Éisträich huet Austria Wien mam Marvin Martins sech missen 1:0 bei Sturm Graz geschloe ginn. De Lëtzebuerger stoung net am Kader, dat aus gesondheetleche Grënn.
An der Slowakei gouf et am Titelgrupp vun der 1. Liga eng 1:3-Defaite fir Sered géint Ruzomberok. Op Säite vu Sered ass de Lëtzebuerger Edin Osmanovic fir déi zweet Hallschent agewiesselt ginn.
Am Match tëscht Köln a Mainz an der Bundesliga kruten d’Spectateuren e richtege Spektakel gebueden, wéi Köln sech mat 3:2 duerchsetze konnt. Déi zwee Lëtzebuerger Mathias Olesen (Köln) a Leandro Barreiro (Mainz) stoungen zwar am Kader, mee koumen awer net zum Asaz.
An der 2. däitscher Bundesliga ass Erzgebirge Aue mam Dirk Carlson op Hannover getraff. Aue huet sech missen mat 1:3 geschloe ginn. Den Dirk Carlson gouf an der Hallschent agewiesselt. Mat 19 Punkten steet Aue op der leschter Plaz an huet 9 Punkte Réckstand op d’Relegatiounsplaz. Den Ofstig ass quasi net méi ze verhënneren.
Eng knapp Néierlag gouf et an Holland fir de Laurent Jans an de Mica Pinto. Trotz engem gudde Match huet ee sech auswäerts misse mat 1:2 géint Ajax geschloe ginn. Béid Lëtzebuerger stoungen an der Startformatioun an hunn de Match duerchgespillt.
Op Zypern kruten et den Tim Hall an Achnas am Ofstigsgrupp mat AEL Limassol ze dinn. Achnas verléiert mat 0:2 an den Tim Hall souz déi 90 Minutten op der Bänk. Achnas steet mat 20 Punkten op der 11. Plaz an domadder op enger Ofstigsplaz.
Och den Eric Veiga souz an der 2. Portugisescher Liga bei Vilafranquense 90 Minutten op der Bänk wärend seng Ekipp mat 2:1 géint Academico Visca gewanne konnt. Vilafranquense steet mat 37 Punkten op der 11. Plaz vun 18 Ekippen.
A Griichenland huet am Ofstig-Playoff den Tabelleleader Kreta iwwerraschend beim Leschten Smyrnis de Kierzere gezunn. De Vahid Selimovic stoung net am Kader vu Kreta.
E Freideg den Owend huet a Moldawien Sheriff Tiraspol mam Sébastien Thill mat 1:0 géint Petrocub gewonnen. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match um Terrain. Sheriff läit un der Spëtzt vun der Tabell an huet elo e Virsprong vun 10 Punkten op Petrocub.