
Um Sonndeg huet Sandhausen duerch eng 4:2-Victoire zu Nürnberg e wichtege Schratt gemaach, fir an der 2. Bundesliga ze bleiwen. 3 Matcher viru Schluss huet d’Ekipp vum Alois Schwartz eng Avance vun 8 Punkten op d’Relegatiounsplaz. De Maurice Deville gouf an der 90. Minutt agewiesselt.
Fir Aue gesäit et nom 2:2-Remis géint Hansa Rostock schlecht aus. Den Dirk Carlson huet 90 Minutten duerchgespillt, den Tim Kips souz de ganze Match op der Bänk. Bei 7 Punkte Retard op d’Relegatiounsplaz huet Aue just nach theoretesch Chancen, fir an der 2. Liga ze bleiwen.
Duerch en 3:0-Succès géint Zwickau ass Magdeburg aus der 3. Liga opgestigen a spillt nächst Saison eng Etage méi héich. Den Eldin Dzogovic stoung dobäi awer net am Kader.
An Éisträich huet de Marvin Martins mat Austria Wien eng batter Néierlag missen astiechen. Beim Tabelleleader RB Salzburg ass ee mat 0:5 ënner d’Rieder komm. De Lëtzebuerger ass an der 53. Minutt mat Giel-Rout vum Terrain geflunn.
Vilafranquense huet duerch eng 1:0-Victoire bei Porto B de Maintien an der 2. portugisescher Liga sécher. Den Eric Veiga souz 90 Minutten op der Bänk.
An der Belsch huet d’Royale Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris den éischte Match vum Titel-Playoff mat 3:1 géint Anderlecht gewonnen a steet dräi Punkte Virsprongop den FC Brügge un der Tabellespëtzt. De Lëtzebuerger Golkipp stoung wéi gewinnt de ganze Match um Terrain.
Um Samschdeg waren de Farid Ikene, den Omar Natami an de Leonel Gomes mat hirem Veräin Jammerbugt an der dänescher Liga am Asaz. Um Schluss konnt sech de Veräin vun de Lëtzebuerger mat 2:1 géint Vendyyssel duerchsetzen. Den Natami huet ee Gol zur Victoire bäigesteiert. Duerch dës Victoire hält Jammerbugt an der Ofstigsgrupp den Uschloss fir an der zweeter Liga ze bleiwen.
De Mathias Olesen stoung beim Match vu Köln géint Bielefeld am Kader a gouf an der 88. Minutt agewiesselt. Köln konnt de Match 3:1 gewannen a bleift a Schlodistanz fir déi europäesch Plazen.
An Holland stoung de Laurent Jans fir Rotterdam um Terrain a fir seng Ekipp goung et ëm den Ofstig. D’Prognose stounge schlecht géint d’Haushären Twente. De Match ass mat 2:0 fir de Favorit ofgepaff ginn. Mat enger Victoire hätt Sparta Rotterdam an der provisorescher Tabell d’Relegatiounsplaz kéinte verloossen. De Mica Pinto koum net an den Asaz.
Keng Chance hat Mainz an der Partie géint de VfL Wolfsburg. D’Gäscht hu sech mat 0:5 misse geschloe ginn. No engem Verweis vum Terrain sinn d’Mainzer an d’Strauchele komm an d’Wolfsburger ware lancéiert. Mat 5 Goler si si an d’Paus gaangen an hu sech domat och an der zweeter Hallschent zefridde ginn. Fir Mainz stoung de Leandro Barreiro mat um Terrain.
Den Danel Sinani stoung am engleschen Championship fir Huddersfield déi éischt Hallschent um Terrain. Seng Ekipp konnt sech mat 2:1 géint den FC Barnsley duerchsetzen.