
96 Participante streide sech am “Ally Pally” ëm den 31. Weltmeeschtertitel bei der PDC an déi sougenannte “Sid-Waddell-Trophy”. Déi 32 Bescht aus der PDC-Weltranglëscht hunn an der éischter Ronn e Fräilous a sinn esou scho fir déi 2. Ronn qualifizéiert. Bei der WM gi ganzer 2,92 Milliounen Euro u Präisgeld ausbezuelt, dovunner ginn ënner anerem 580.000 Euro un de Weltmeeschter.
Am Virfeld vun der Darts Weltmeeschterschaft huet sech de Sam Rickal mam fréiere Lëtzebuerger Darts-Champion Jim Mayer ënnerhal an huet mat him nieft der WM och iwwert den Dartssport zu Lëtzebuerg geschwat.
Mat der “Queen of the Alexandra Palace”, d’Fallon Sherrock an der Japanerin Mikuru Suzuki sinn dëst Joer och nees zwou Dammen op der Darts-WM mat dobäi. D’Fallon Sherrock spillt an der éischter Ronn géint den Holläner Jermaine Wattimena. D’Mikuru Suzuki kritt et mam 29 Joer jonken däitschen Newcomer Ricardo Pietreczko ze dinn.
Mam fënneffache Weltmeeschter (eemol bei der PDC, véiermol bei der BDO) Raymond Van Barneveld an dem WM-Gewënner vun 2015 an 2016, dem Gary Anderson, sinn och nees zwou Dartslegenden am Ally Pally mat um Dill.
Ee bekannt Gesiicht wäert no der WM awer méi kuerz trieden. Fir den Arbitter, och genannt “Caller”, Russ Bray, wäert et déi leschte Weltmeeschterschaft sinn. Seng ikonesch “One hundred an eighty” ass dann an Zukunft nëmmen nach bei Tournoie vun der World Series ze héieren. Gläichzäiteg wäert hien als Ambassadeur fir d’"Professional Darts Coperation” PDC weiderschaffen. Zum Ofschloss wäert hien d’WM-Finall den 3. Januar arbitréieren.
De Michael Smith konnt sech bei der leschter WM fir déi éischte Kéier d’Weltmeeschterkroun opsetzen an zielt als Titelverdeedeger natierlech och dëst Joer zum Krees vun de Favoritten. De “Bully Boy”, leeft senger Form kuerz virun der Weltmeeschterschaft awer e bëssen no. Den 33 Joer jonken Englänner gouf op deenen Tournoie kuerz virun der WM ëmmer fréi eliminéiert a muss sech nach steigeren, fir e Wuert ëm den Titel kënne matzeschwätzen.
No 4 Joer ouni WM-Titel wëll och de Michael Van Gerwen dëst Joer nees de Weltmeeschtertitel feieren. Den dräifache Weltmeeschter a Finalist vum leschte Joer konnt dëst Joer ënner anerem d’Premier League an d’World-Series-Finals fir sech entscheeden.
Eng ganz staark Saison spillt awer och de Luke Humphries. Déi momentan Nummer 3 vun der Welt konnt déi lescht dräi vu véier Major-Tournoie fir sech entscheeden a kéint duerch seng gutt Form eng Roll ëm den Titel matspillen.
Zu de Favoritte gehéieren awer wéi ëmmer och déi zwee fréier Weltmeeschter Peter Wright a Gerwyn Price. De Leschtgenannten hat d’lescht Joer op der WM negativ op sech opmierksam gemaach, wéi hien no enger Werbepaus an der Véierelsfinall géint den Däitsche Gabriel Clemens wéinst deem ville Kaméidi mat Kopfhörer zeréck op d’Bün koum.
Aussesäiterchancë ginn et fir den Nathan Aspinall, Danny Noppert, Rob Cross an den Jonny Clayton. Fir Iwwerraschunge kéinten awer och op en Neits den Josh Rock oder och de Gabriel Clemens suergen.
Sou kuerz virun der Weltmeeschterschaft klëmmt och d’Virfreed hei zu Lëtzebuerg. Ëmmer méi Begeeschterter kucke sech d’Matcher op der Tëlee un oder gräifen och selwer aus Spaass zu de Feiler. De Jim Mayer spillt selwer beim Brooykln Zoo an der Ekipp, war fréier Lëtzebuerger Champion am Eenzel a péckt och an der Federatioun eng Hand mat un.
Och hei am Land gi Championnater a Coupe gespillt. Do muss een awer tëscht Ekippen- an Eenzelchampionnat, wou och Hären an Damme géintenee spillen, ënnerscheeden. 17 verschidde Clibb mat insgesamt 260 lizenzéierte Spiller spillen zu Lëtzebuerg a véier verschiddenen Divisiounen ëm de Championstitel an ëm den Of- an Opstig.
Am Eenzel ginn iwwert d’ganzt Joer 7 “Rankingen” organiséiert, wou da Punkte verdeelt ginn. Dee Spiller oder déi Spillerin, deen um Enn vun der Saison am meeschte Punkte gesammelt huet, ka sech da Lëtzebuerger Champion nennen. Fir do matzespillen, brauch een och keng Lizenz an engem Club. Déi Deeg selwer kann ee sech sur place umellen.
Fir Lëtzebuerg och am Ausland ze vertrieden, ginn et awer och Nationalekippen. Jeeweils eng Hären- an Dammennationalekipp, d’nämmlecht ass et an der Jugend. Déi verschidde Kadere spillen dann och op internationalen Tournoie géint aner Länner.
Bis dato konnt nach kee Lëtzebuerger sech fir d’PDC-Weltmeeschterschaft am Alexandra Palace qualifizéieren. Dacks bréngen déi verschidde Qualifikatiouns-Méiglechkeeten immens vill finanziell Käschte mat sech, déi een aus eegener Täsch bezuele muss. Trotzdeem huet de Lëtzebuerger Dartssport an deene leschte Jore gutt Progrèse gemaach an déi Lëtzebuerger Darts-Federatioun wëll net auszeschléissen, datt längerfristeg eng Qualifikatioun aus Lëtzebuerger Siicht méiglech ass.