Darts-WM 2023Wie gëtt de Successeur vum Peter Wright?

RTL Lëtzebuerg
Vum 15. Dezember bis den 3. Januar dréint sech am faméisen Alexandra Palace am Norde vu London nees alles ëm Darts. Et ass déi 30. Editioun.
© AFP

96 Participanten aus 28 verschiddenen Natioune streide sech am “Ally Pally” ëm den 30. Weltmeeschtertitel bei der PDC. Déi 32 Bescht aus der Weltranglëscht hunn an der éischter Ronn e Fräilous a sinn esou scho fir déi 2. Ronn qualifizéiert. Bei der WM gi ganzer 2,9 Milliounen Euro u Präisgeld ausbezuelt, dovunner ginn ënnert anerem 580.000 Euro un de Weltmeeschter.

Virschau op d’Darts-WM / Rep. Sam Rickal

Nieft de ville Favoritte si mat der “Queen of the Alexandra Palace”, d’Fallon Sherrock, dem Lisa Ashton an der 18 Joer jonker Beau Greaves fir déi éischte Kéier 3 Dammen op der Darts-WM mat dobäi.

Och nees dobäi ass de fënneffache Weltmeeschter (1 Mol bei der PDC, 4 Mol bei der BDO) an d’Darts-Legend Raymond van Barneveld, deen als Nummer 32 vun der Welt dee leschte gesate Spiller vun dëser WM ass.

Wie sinn déi grouss Favoritten?

De Peter Wright konnt sech bei der leschter WM fir déi zweete Kéier zum Weltmeeschter kréinen an zielt als Titelverdeedeger natierlech och dëst Joer zum Krees vun de Favoritten.

Als Nummer 1 vun der Welt gehéiert de Gerwyn Price och zu de Favoritten. Och wann den “Iceman” dëst Joer reng vun de gewonnenen Titelen net onbedéngt seng beschte Saison vu senger Karriär spillt, bleift hien ëmmer ee vun den Top-Favoritten op de WM-Titel.

E weidere Kandidat op den Titel ass de Michael van Gerwen. Och wann de leschte WM-Titel scho 4 Joer zeréckläit, huet den dräifache Weltmeeschter dëst Joer mat staarke Prestatiounen, wéi zum Beispill dem Gewënn vun der Premier League oder dem World Matchplay gewisen, datt och dëst Joer nees mat him ze rechnen ass.

Opzepasse gëllt et awer och op de Michael Smith. D’Nummer 4 vun der Welt a Finalist vum leschte Joer huet mam Gewënn vu sengem éischte Major-Titel, dem Grand Slam of Darts, dëst Joer gewisen, datt hien Titele gewanne kann.

Ee Spiller, deen een ni ënnerschätzen däerf, ass de Gary Anderson. Obwuel de Weltmeeschter vun 2015 an 2016 zanter zwee Joer net seng beschte Form huet, ass hien ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt. Fir de Weltmeeschtertitel kéint et awer schwéier ginn.

Aussesäiterchancen hunn de Luke Humphries, de Rob Cross, den Johnny Clayton, den James Wade, den Danny Noppert an den Nathan Aspinall.

Back to Top
CIM LOGO