Paul Philipp vs Claude KremerWie gëtt neie President vun der Futtballfederatioun?

Franky Hippert
Dat decidéiert sech e Samschdeg de Moien um uerdentleche Kongress vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun zu Stroossen.
© RTL-Grafik

Fir d’Spëtzt vum gréisste Sportverband am Land si mam Paul Philipp a mam Claude Kremer zwee Kandidaten an der Course. Nieft dem President ginn awer och nach 5 Membere fir an de Verwaltungsrot gesicht.

FLF-Kongress / Reportage Franky Hippert

D’Wale fir de Presidenteposte si sécherlech den Héichpunkt vun dëser 104. Generalversammlung vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun. Et ass den Duell tëscht dem Paul Philipp, aktuelle President, 71 Joer an zanter 18 Joer un der Spëtzt vun der FLF, a sengem Challenger dem Claude Kremer, 45 Joer an zanter 18 Joer am Verwaltungsrot vum Futtballverband.

Da ginn awer och nach 5 nei Membere fir an de Conseil d’Administration gewielt. Do hu sech insgesamt 10 Leit gemellt. D’Mandater vun all deene gewielten, souwuel dat vum President, wéi dat vun de Membere fir de Verwaltungsrot gëlle fir déi nächst 4 Joer.

E Samschdeg de Moie gëtt et dann och den éischten Optrëtt vum Sportminister Georges Engel bei der gréisster Sportfederatioun am Land. Bei sengem Virgänger koum et emol vir, datt een an de Riede vum President respektiv vum Minister gemierkt huet, datt, wat d’Harmonie tëscht Sportministère a Futtballfederatioun ugeet, nach Loft no uewe bestanen huet.

Wat d’Finanzen ugeet, steet ee bei der FLF gutt do. D’Joer gëtt mat engem Benefice vun 244.000 Euro ofgeschloss. An deem leschte Geschäftsjoer si ronn 1,5 Milliounen Euro Subventiounen un d’Veräiner ausbezuelt ginn. De Budget mat deem bei der FLF fir dat nächst Joer geschafft gëtt, läit bei ronn 8,6 Milliounen Euro. Op sportlechem Plang huet d’A-Nationalekipp vun den Häre mat 11 Punkten an der Nations League en neie Rekord opgestallt. D’FLF-Dammen hunn direkt bei hirer éischter Weltmeeschterschaftsqualifikatioun 3 Victoiren op hire Kont kënne schreiwen. Donieft kommen déi sëllege gutt Optrëtter vun de Jugendnationalekippen, wéi zum Beispill der U17, déi sech fir d’Europameeschterschaft qualifizéiert hat.

En Thema, dat awer bestëmmt och ugeschwat wäert ginn, ass de Manktem u Benevollen an Arbitteren. No iwwer 15 Joer dierft den neie Futtballstadion, dee jo elo do ass, kee Sujet méi sinn.

Ëm d’Mëttesstonn e Samschdeg misst dann och gewosst sinn, wien déi nächst 4 Joer am Stade de Luxembourg op der Cloche d’Or um Presidentesëtz däerf Plaz huelen.

RTL-Artikel: Méigleche Wiessel un der FLF-Spëtzt? Den Dammen- an de Jugendfuttball si wichteg Punkte fir de Paul Philipp
RTL-Artikel: Lëtzebuerger Futtballfederatioun: Ween ass de Claude Kremer, Géigekandidat vum Paul Philipp?

Back to Top
CIM LOGO