NFLWie gewënnt de Super Bowl 2023?

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vu e Sonndeg op e Méindeg kréien et d’Kansas City Chiefs am 57. Super Bowl zu Arizona mat den Philadelphia Eagles ze dinn.
© AFP

Fir déi éischte Kéier sti sech an Super Bowl zwee Bridder géinteniwwer. Och ee Spiller mat Lëtzebuerger Originnen ass mat dobäi.

Mat de Kansas City Chiefs an de Philadelphia Eagles sinn déi zwou beschte Ekipp aus der Regular Season, aus hirer jeweileger Conference, am Super Bowl LVII. D’Chiefs waren d’Nummer 1 an der American Football Conference (AFC), d’Eagles an der National Football Conference (NFC).

Dëser Roll als Favoritten op den Titel goufe si och an de Playoffs gerecht. No engem Fräilous an der Wildcard Round, si béid Ekippen eréischt an der zweeter Ronn, der Divisional Round, erageklommen a konnten och weidere Verlaf iwwerzeegen.

Kansas, ronderëm hire Star-Quaterback de Patrick Mahomes, konnt sech fir d’éischt géint d’Jacksonville Jaguars behaapten, ier si eng Ronn méi spéit d’Cincinnati Bengals an der Conference Championship Final konnten eliminéieren.

Virun der Saison huet wuel kaum ee mat hinne gerechent, mee trotzdeem konnt sech Philadelphia mat hirem Quaterback Jalen Hurts iwwerraschend fir de Super Bowl qualifizéieren. Dat duerch Victoiren an der Divisional Round géint d’New York Giants an an der Conference Championship Final géint d’San Francisco 49ers.

Fir déi éischte Kéier steet mam Dallas Goedert ee Spiller mat Lëtzebuerger Originnen am Super Bowl. Wéi Recherchen vum Lëtzebuerger Wort erginn hunn, sinn dem Tight-End vun den Philadelphia Eagles seng Ururgrousselteren Lëtzebuerger gewiescht a sinn duerno an Amerika ausgewandert. Zanter 2018 spillt den 28 Joer jonken Tight-End fir d’Philadelphia Eagles. Dëst Joer huet hien 3 Touchdowns markéiert an ass 702 Yards gelaf. Virun 3 Wochen konnt hie mat engem flotte Catch op sech opmierksam maachen.

Mam Travis Kelce (Tight-End vu den Chiefs) an dem Jason Kelce (Center vu Philadelphia) sti sech och fir déi éischte Kéier zwee Bridder am Super Bowl géinteniwwer.

Wat sprécht fir wien?

Kansas City Chiefs

1. Patrick Mahomes: Den Chiefs-Quaterback ass momentan villäicht dee beschte Spiller op senger Positioun. Scho fir déi 3. Kéier bannent 4 Joer konnt hie seng Ekipp an d’NFL-Finall féieren. Mat 27 Joer huet hie schonn etlech Rekorder gebrach an dëst Joer eng extrem staark Saison gespillt – 5.250 Yards an 41 Touchdowns. Seng gutt Leeschtunge goufen och dëst Joer mam Titel als Most Valuable Player (MVP) belount.

2. Travis Kelce: Den Tight-End vun den Chiefs an de Mahomes sinn net nëmmen nieft dem Terrain onzertrennlech, mee och wärend dem Match. De Kelce ass dem Star-Quaterback seng favoriséiert Uspillstatioun an den 33 Joer alen Amerikaner ass um beschte Wee, ee vun de beschten Tight-Ends an der NFL-Gesicht ze ginn – a quasi all Ranking läit hie knapp hannert der 1. Plaz. Seng Yards an Touchdowns hunn ee groussen Undeel un der Super-Bowl-Participatioun vun den Chiefs.

3. Staark Statistiken: Kansas gehéiert an alle Statistiken zu de beschten Ekippen. An der Offense an am Passing ass d’Ekipp vum Head-Coach Andy Ried an der Liga d’Nummer 1.

Philadelphia Eagles

1. Jalen Hurts: De Quaterback vun den Eagles huet eng staark Saison gespillt – 3.710 Yards an 22 Touchdowns. Den 24 Joer alen Amerikaner huet sech wärend der Saison zu engem richtege Leader entwéckelt a konnt souwuel an der Regular Saison wéi och an de Playoffs iwwerzeegen.

2. D’Ekipp: D’Eagles hunn eng Saison gespillt, déi vill Leit hinnen am Virfeld net zougetraut hunn. Réischt am Laf vun der Regular Season konnt sech Philadelphia zu engem vun de Favoritten entwéckelen. Mat vill Confiance an Ekippegeescht si reegelrecht duerch d’Playoffs marschéiert.

3. Equiliber: D’Offense an d’Defense vun den Eagles gehéieren an de Statistiken zu de beschten Ekippen. Si hunn déi zweetbescht Offense an déi drëttbescht Defense vun dëser Saison. Dës optimal Kombinatioun mécht si sou geféierlech. Dobäi kënnt, datt d’Ekipp vum Head-Coach Nick Sirianni am Passspill op der 5. Plaz läit.

Um Enn spillen d’Dagesform a Matchgléck och eng grouss Roll. Op alle Fall ka sech op eng spannend Finall astellen. Lass geet et den 13. Februar ëm 00:30 Auer am State Farm Stadium zu Arizonza, dem Stadion vun den Arizona Cardinals.

Back to Top
CIM LOGO