
Eise Recherchen no kéint et sech dobäi ëm de Christopher Martins handelen. De 24 Joer ale Lëtzebuerger Nationalspiller soll vum Schwäizer Champion Young Boys Bern bei Spartak Moskau goen. Um Internet vum russesche Rekordchampion stinn nämlech d’Zuele 97 a 35 nieft dem Ëmrëss vun eisem Land. 97 kéint dobäi d’Gebuertsjoer vum Martins undeiten, a 35 ass d’Trikotsnummer vum Mëttelfeldspiller bei sengem aktuelle Veräin.

Wéi d’Medien an der Schwäiz mellen, géif Spartak 10 Millioune Schwäizer Frang, dat heescht ronn 9,6 Milliounen Euro, fir den Transfert vum Lëtzebuerger Nationalspiller vu Bern op Moskau op den Dësch leeën. Spartak steet no 18 Spilldeeg just op der 9. Plaz an der Tabell, 15 Punkten hannert dem Leader Zenit. D’Reprise vum Championnat ass de 25. Februar.