
D’Ageständnis vun dëse Mëssstänn ass no enger Ënnersichung vun Amnesty International komm. Hannergrond ass e Rapport vun der Mënscherechtsorganisatioun, déi private Sécherheetsfirmen am Katar de Reproche gemaach huet, d’Aarbechter z’exploitéieren, déi meeschtens aus anere Länner kommen. Deelweis handelt et sech dobäi souguer ëm Zwangsaarbecht, esou Amnesty.
D’Aarbechter hätte géint hire Wëlle misste schaffen, se goufe bedreet a forcéiert an hu bis zu 84 Stonnen an der Woch geschafft. An déi kataresch Regierung hätt dat och gewosst, kritiséiert d’Mënscherechtsorganisatioun.
Rieds ass vun 8 Firmen, bei 6 goufe Mënscherechtsverletzunge festgestallt.
Katar huet keng Eenzelheeten zu de Mëssstänn bei den Entreprisen, déi wuel bei der Clubweltmeeschterschaft an dem Arabesche Pokal 2021 am Asaz waren, genannt.