DFBWolfsburg definitiv eraus aus dem DFB-Pokal

RTL Lëtzebuerg
De VfL ass mat sengem Appell géint d'Wäertung vum Match an der 1. Ronn vum DFB-Pokal gescheitert.
© AFP (Archiv)

De Wiesselfeeler vum Trainer Mark van Bommel huet dem WfL Wolfsburg endgülteg de Sprong an déi zweete Ronn vum DFB-Pokal kascht. D’Bundesgeriicht vum DFB huet en Donneschdeg a senger Appellverhandlung den Out vum Veräin aus der Bundesliga confirméiert.

Am Match géint Preußen Münster hat Wolfsburg sechs statt den erlaabte fënnef Spiller agewiesselt.

Back to Top
CIM LOGO