
Union Berlin - Borussia Mönchengladbach 2:1
1:0 Gießelmann (22.’), 2:0 Awoniyi (41.’), 2:1 Hofmann (90.+1.’)
An den éischte Minutten huet Gladbach gutt matgespillt, huet och eegen Akzenter gesat mee konnt awer net fir Gefor virum Gol suergen. Berlin dogéint war méi konsequent a sengen Offensivaktiounen an huet Feeler an der Gladbacher Defense ausgenotzt. Sou och an de Minutten 22 an 42 an deenen se hir 2 Goler duerch de Gießelmann an den Awoniyi konnt schéissen. No der Paus war Gladbach zwar beméit mee et huet awer schwéierfälleg gewierkt. An der 91. Minutt koumen se zwar nach eng kéier op 1:2 duerch den Hofmann erun mee Berlin konnt d’Victoire awer iwwer d’Zäit bréngen.
VFL Wolfsburg - RB Leipzig 1:0
1:0 Roussillon (52.’)
De VfL Wolfsburg bleift dës Saison weiderhi praktesch perfekt. D’Ekipp vum Trainer Mark van Bommel wënnt nämlech och géint Leipzig an huet domat 3 vun 3 gewonnen. De Roussillon hat den eenzege Gol vum Match markéiert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Tottenham Hotspur - FC Watford 1:0
1:0 Son (42.’)
Och den 3. Match vun der Saison konnt Tottenham gewannen an dat mam knappe Resultat vun 1:0. An der 42. Minutt huet de Son e Fräistouss vu lénks schaarf an d’Mëtt bruecht an ouni dat een um Ball war ass dësen am laangen Eck ageschloen.
Wolverhampton - Manchester United 0:1
0:1 Greenwood (80.’)
Manchester United bleift an der Premier League weiderhin ongeschloen. E Sonndeg den Owend wënnt d’Ekipp vu Manchester mat 1:0 géint Wolverhampton duerch e spéide Gol vum Mason Greenwood.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Troyes - AS Monaco 1:2
0:1 Diop (40.’), 1:1 Aguilar (51.’, Eegegol), 1:2 Diop (58.’)
Um véierte Spilldag ka Monaco endlech seng éischt Victoire afueren. Duerch zwee Goler vum jonken Diop konnte si sech mat engem knappen 2:1 géint Troyes duerchsetzen. Tëschenduerch konnt Troyes duerch en Eegegol vum Aguilar ausgläichen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Barcelona - FC Getafe 2:1
1:0 Sergi Roberto (2.’), 1:1 Sandro (18.’), 2:1 Depay (30.’)
Den FC Barcelona konnt sech e Sonndeg iwwer déi zweet Victoire an der lafender Saison freeën. D’Katalanen hunn e Sonndeg mat 2:1 géint Getafe gewonnen duerch Goler vu Sergi Roberto a Memphis Depay.